

Kollibri a.s.b.l.
14, rue Jean Jacques Klein
L – 8808 Arsdorf
Ticketen
D’Entrée fir Kanner a Jugendlecher bis 15 Joer inclus:
Oweskeess 1-Dagsticket: 35€ (200 Ticket pro Dag sinn disponibel)
Kulturpass: 1,50€
Schreiwt eis w.e.g. am Virfeld iwwer Mail: marketing@kollanaktioun.lu
Gratis Entrée: Bis 15 Joer inclus
NB: D’Entrée-Ticket’en pro Dag sinn limitéiert. Déi éischt si vir!
Ëffnungszäite Samschdes
Site : 16.00 – 03.00
Concerts: 17.00 – 02.30
Exposition : 16.00 – 21.00
Marché de créateurs: 16.00 – 21.00
Familjeprogramm : 17.00 – 00.00
Ëffnungszäite Sonndes
Site : 12.00 – 01.00
Concerts: 14.00 – 01.00
Exposition : 14.00 – 21.00
Marché de créateurs: 14.00 – 21.00
Familjeprogramm : 13.00 – 20.00
Froen info@kollanaktioun.lu
Musik: music@kollanaktioun.lu
Maart, Expo: localmarket@kollanaktioun.lu
Presse: presse@kollanaktioun.lu
Partnerschaft: marketing@kollanaktioun.lu
Festival Site
De Programm fannt Dir hei:
Parking:
Präisser vum Parking
1 Persoun pro Auto: 5 €
2 Persoune pro Auto: 3 €
3 Persounne pro Auto: 2 €
4+ Persoune pro Auto: 1 €
Wanns du mam Auto kënns, dann denk un de Co – Voiturage. Dëst ass méi witzeg fir ënnerwee. An wéis de gesäis huet et och en Impakt op d’Präisser vum Parking.
Hënn sinn net erlaabt:
Opgepasst! Aus Sécherheetsgrënn an zum Schutz vun den sensibelen Oueren vun eisen Frënn sinn, wéi schonn 2019, keng Hënn um Site vum Koll an Aktioun erlaabt.
Camping:
Accès vir Persounen à mobilité réduite :
Mir wëllen Iech drop opmierksam maachen, dass de Site accessible ass vir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Verschidden Platzen sinn allerdéngs méi schwéier zougänglech. Parkinge ginn et des Kéier vis-à-vis vun der Haaptentrée.
Wee op de Koll an Aktioun
Mam Auto:
Wanns du mam Auto kënns, dann denk un de Co – Voiturage.
Sou kennen aner Leit bei dir matfueren an de Wee bis op Uewermaartel gett net langweileg!
Mam Vëlo :
Den Koll An Aktioun ass iwwert Netzwierk vun de Vëlospisten gutt ze erreechen. Iwwert eng ehemoleg Eisenbunnsstreck féiert d’Vëlospiste PC18 direkt laanscht de Site vum Festival. Enner anerem iwwert Folgend Pisten kann een mam Vëlo op de Festival gefuer kommen.
Aus der Stadt: PC1 – PC13 – PC12 – PC17 – PC18
Vun Ettelbreck: PC15 – PC12 – PC17 – PC18
Vun Esch/Alzette: PC8 – PC6 – PC12 – PC17 – PC18
Mam Bus:
Den Arrêt “Martelange, Leekoll” läit op 100 meter vum Festival. Domat bréngt Iech de Bus bequeem quasi virun d’Dier. Den gëtt vun folgenden Linnen ugefuer:
590: Luxembourg-Tentange-Martelange
622: Wiltz – Harlange – Martelange
805: Perlé – Rambrouch – Ettelbruck
819: Martelange – Colmar/Usines
Arel Gare: 520 bis “Colpach-Bas, Schlass”, vun do aus 590 Directioun “Martelange, Gare“
Nohaltegt Engagement
De Koll an Aktioun beméit sech en eco-responsabele Festival ze sinn. Aus dem Grond, wäert de gréissten Deel vun der Iesswuer, déi um Festival zerwéiert gëtt, aus biologeschem Ubau an/oder lokal produzéiert sinn.
All d’Gedrénks ass och lokal an/oder biologesch. D’Miwwel an Dekoratioun ass zum gréissten Deel handgemaach an oft och recycléiert. Et gëtt keen Einweggeschir um Site benotzt. D’Distributioun vu Gadget Publicitaires ass verbueden. Mir beméien eis ausserdeem, Printmaterial ze reduzéieren an dofir recycléierte Pabeier ze benotzen. Wann Dir wieder Virschléi hutt, zeckt net fir Iech un eist Team ze wenden.
Sëcherheet a Regelen
D’Elteren hafte komplett fir hir Kanner. D’Henn sinn nët erlabt um Site! Offall an Zigarettestemp sollen an d’Poubelle/an den Äschebecher geheit gin. Do gehéiren dei Saachen hin.
Fir d’Secherheet vun all de Leit ze garantéire, si folgend Géigestänn um Festival verbueden: Waffen, Drogen, spatz Géigestänn an all aner illegal Géigestänn.
Um Festival si Gewalt, Haass, Rassismus a Sexismus net toleréiert!
D’Organisatioun huet d’Recht, Leit, dei wéinst aggressivem oder respektlosem Verhalen opfalen, vum Festival auszeschléissen.
Zeien oder Opfer vun engem Verhalen dee net ze toleréiren ass? Sot de Secherheetsleit oder der Equipe vu Koll an Aktioun Bescheed.