ÆM

ÆM ass e rezenten elektroneschen Dream Pop-Projet vun der
Lëtzebuerger Sängerin & Songwriterin Ema, déi 2018 d’Gewënnerin vum Screaming
Field Song Contest ginn ass. Dem ÆM seng Debut Single „City Ties“ handelt ëm
eng Persoun déi mat hirem Liewen an der Stad iwwerfuerdert ass, an an eng aner
Welt flücht. Déi verdreemt Stëmm a verspillt Texter huelen Iech mat op eng Rees
duerch dem ÆM säin Universum.
Beaflosst vun all Aart vu Kënschtler, Genren a Subgenren, ass de ÆM am
wichtegsten sech ëmmer wieder ze entwéckelen an ëmmer erëm Neies ze
entdecken.