Zutaten fir ongeféier 4 Persounen

Fir den original Freestyle – Seitan:

Wann ee kee Weizenglute fënnt, da kann een als Alternative och fäerdeg preparéierte Seitan am Supermarché kafen. Bei de Gewierzer kennt dir och roueg kreativ sinn an dem Freestyle Spirit frei Laf loossen. Huelt frësch Kraider aus dem Gaart!

  • 400g Weizengluten
  • 1 Pak Dréchenhief
  • 250ml Geméisbouillon (à voir, je no Konsistenz bësse méi oder manner)
  • E gudde Schotz vum beschten Ueleg
  • Sojaszooss – net ze vill
  • Paprika Polver – e gudde Grapp
  • Salz – oppassen! Geméisbouillon a Sojaszooss sinn och salzeg
  • Peffer ass ëmmer gutt
  • Eppes Schaarfes wann een dat gären huet
  • Knuewelek an Ingwer kleng geschnidden
  • Tomatemark – eng Tüb
  • Kraider no Loscht a Laun!

Fir den Tatziki :

  • En déckt Dëppche Sojajughurt
  • ½ Cornichon
  • 1-2 Knuewelekszéiwen (fir den absolutte Flipp, roueg déi eng oder aner Zéif méi huelen)
  • E gudde Schotz Zitrounejus
  • Vläicht bëssen Dëll
  • Frësch Menthe – déi wiisst jo grad gutt!
  • Salz a Peffer

Fir de Kebab

  • Bréidercher, eng Baguette, Flaguette, Dürum Brout – am beschte selwergemaach!
  • Tomaten
  • Deng Liblingszalot – huel déi di prett sinn!
  • Wäisse Kabes
  • Zwiwwelen (ugebroden ass och zimmlech fancy)
  • Nice sinn och gegrillte Paprika

 

Zoubereedung:

De Koll Seitan:

  1. All DRESCHEN (soss gëtt et kniwweleg) Zutaten an enger grousser Schossel vermëschen. (Mat der Hand geet dat tipptopp)
  2. An enger zweeter Schossel separat all di flësseg Zutaten verréieren.
  3. Duerno ginn déi flësseg an dréchen Zutaten matenee vermëscht a richteg gutt duerch gekniet. Oppassen datt d’Mass gutt zesummenhänkt. Kuckt Iech e Video un, wann der net sécher sidd.

Seitan kann ee lo kachen oder baken. Mir ginn neierdéngs de Bakwee:

  1. Eng beléifte Form vun eisem Seitan Meeschter ass fir aus der Seitanmass zwee deck Wuppen ze formen an dës mat Bakpabeier ze ëmwéckelen.
  2.  De Seitan da bei 170 °C am Uewe bake bis en wéi en Brout fluffeg opgeet (40-60min)
  3. De fäerdeg gebakene Seitan a ganz fein dënn Scheiwe schneiden a mat bëssen Ueleg an enger Pan oder um Grill soulaang ubrode bis de Seitan schéi lecker knuspreg gëtt.

De Koll Tzatziki:

Alles kleng schneiden a beieneen tippen, mëschen a fäerdeg! Fir all déi aner:

  1. De Sojajughurt an eng Schossel tippen. D’Cornichon kleng schneiden a bei d’Jughurtsmass dobäi tippen.
  2. D’Knuewelekszéiwe pressen oder schneiden an och an déi wäiss Mass ënnerréieren.
  3. Dat nämmlecht mat de fein gehackte frësche Kraider maachen, an déi lecker wäiss Zooss elo mat frësch gepresstem Zitrounejus, Salz a Peffer verfeineren an ofschmaachen. Falls eppes feelt nëmme kreativ ginn an de Freestyle Spirit freie Laf loossen!

De Koll Kebab:

All déi vill Fräiwëlleg déi säit dem Ufank um Koll Kebab Stand fir déi eenzegaarteg Ambiance zoustänneg sinn, léieren an hirer Formatioun déi eenzegaarteg Gestaltung vum Koll Kebab – dee schonn sou Munch hongreg (oder giereg, oder sauer) Schnuff verwinnt huet. Wichteg heibäi ass net onbedéngt eng richteg Lëscht mat Ingredienten, mä dem Client seng Wënsch vun de Lëpsen ofzeliesen. Duerfir: Preparéiert äre Kebab sou, datt en äre Kolleegen oder ärer Famill vill Freed bereet!

E gudden, mir gesinn eis nächst Joer!

Äert Koll Kebab Team.

PS: Als excellent Kombinatioun empfeele mir eise Koll du Bois Béier oder eise Koll FRU Wäin.