Um Site vum Festival gëtt et keng Camping Méiglechkeet! Den nooste Camping, deen Iech wärend dem Festival eng bequem Iwwernuechtungsméiglechkeet bitt, ass de Camping “Héiltzerstee”, eng 5-Minutte Faart vum Festivalsite. 

Adress:

Camping Héiltzerstee

33, rue de Holtz

L-8825 Holtz

De Camping ass matten an der Natur an offréiert Iech entweder eng Plaz fir Är Zelter oder eng Plaz fir Är Campingcars (inklusiv Stroumuschloss jee no Disponibilitéit). Déi sanitär Ariichtungen um Camping goufen iwwerdeems am Joer 2019 komplett renovéiert. Déi charmant Ekipp vum Camping freet sech Iech kënnen ze begréissen. Et besteet och d’Méiglechkeet Sonndes, den 31. Mee a Méindes, den 1. Juni 2020, um Camping Kaffi zerwéiert ze kréien. Dëst tëscht 9 an 11 Auer.

Eng gratis Navette tëscht dem Camping an dem Festival steet Iech gratis zur Verfügung a garantéiert Är Mobilitéit.

Fuerplang Navette:

 – Samschdes tëscht 15:45 Auer an 3:15 all 15 Minutten

– Sonndes tëscht 11:15 an 1:15 Auer all 15 Minutten

Präis vum Camping: 16,50 € / Pers. *

* valabel fir 2 Nuechten (30. & 31. Mee 2020). Entweder fir eng Zeltplaz oder fir eng Campingcar Plaz.