No zwee Joer fënnt de Koll an Aktioun endlech erëm um historesche Site vum Schiefermusée zu Uewermarteleng statt. Um Päischtweekend vum 4. a 5. Juni wäert an dëser 7. Editioun erëm en ofwiesslungsräiche Programm fir grouss a kleng ugebuede ginn. Déi läscht zwee Joer hu gewise wéi wichteg et ass, Plazen ze schafe wou Leit sech kënne begéinen a kulturell austauschen!
Wéi fir all Editioun, gëtt beim Festival wäert drop geluecht, sech un déi ganz Famill ze riichten, Natur an Ëmwelt ze respektéieren a lokal Acteuren a Veräiner mat anzebannen. Dofir ginn esouwuel Concerten a Spektakelen mee och eng Expo esou wéi en Marché de créateurs, Kanneratelieren, wéi och e kulinaresche Programm ugebueden.
An noer Zukunft wäerte weider Informatiounen zum Programm annoncéiert gi. Bleift iwwert eisen Internetsite oder eis Social Media Kanäl um lafenden, fir näischt ze verpassen! De Festival ass am Wandel a fënnt dëst Joer an engem bëssen anerem Kader statt. Dëst gëllt och bei den Ticketen, dofir maacht Iech bäi, dës sinn nämlech dëst Joer limitéiert. Hei um Site kritt Dir Dagesticketen ze kafen. Fir Kanner bis 15 Joer inclus ass d’Entrée gratis. D’Entrée mam Kulturpass ass 1,50 €. Schreiwt eis w.e.g. am Virfeld e Mail: marketing@kollanaktioun.lu